Click on the button to load the content from .

Load content

CORBI

Corbi (de Kueb) Grënnungsmember vun der Formatioun De Läb, presentéiert e Set aus sengem Soloprogramm, ënnerstëtzt gëtt hien un den Decks vum DJ Nikkel K. Lëtzebuerger Boom-Bap Hip Hop am klassesche Format (1mcee an 2 turntables). Et muss ee mëttlerweil keen Hellseher sinn, fir ze wëssen dat de Kueb, eng grouss Experienz mat sech bréngt, dee Borscht huet schonn all méiglech Bühn am Land geklappt an et wäerten der nach puer kommen, well d’Bühn ass säin Doheem. De 6. Mäerz 2015 war et dann och souwäit, d’Gebuertsstonn vu sengem 1. Solo-Album “De Gëllene Stull” huet geschloen. No enger gelongener Releaseparty an der Rockhal, mëscht säin 1. Meeschterwierk sech lo ënnert Vollek. Jiddefalls maacht Iech gefaasst, wat de zolweraner Rhymeroboter an Zukunft nach bréngt, well dee wäert nach soubal net vun der Bildfläch verschwannen. Onkraut vergeet ni!